E schéine gudden !



 
Dir sidd op der Säit vum Monique
a vum Jean-Paul, genannt Skippy.



 Mir wunnen am Duerfkär vu Ruedt/Syr, an der Gemeng Betzder am Oste vu Lëtzebuerg.
(Jo, mir därfe leider nëmme 7 Deputéiert wielen;
en onverständlécht Regionaldenken am Zäitalter vum vereenegten Europa).
 
Mir hun eis am September 1987 bestued.
Eist Dohem ass en aalt Haus, wat mer no a no an d'Rei setzen an ëmbauen. Et ass also wéi di meescht Internet-Säiten : under permanent construction ...
 
Niewt dem Embaue gi mer och heiandsdo schaffen :

D'Monique als Educatrice an e Foyer de Jour fir Kanner,


de Skippy als Sendetechniker bei d' Televisioun.



Kuckt emol era beim   Broadcasting Center Europe
eng Firma vum   RTL Group
Well mer domadder nach nët ganz ausgelaascht waren, hu mer eis e Mupp ugeschaf. En ass immens brav a guer nët verwinnt ! A wann en d'Léngt héiert fir spadséieren ze goen, dann ass en nët méi ze bremsen.

Mir hun och allenzwee e Pätterchen an eng Giedelchen :
Beim Skippy ass et de Charel an d'Sophie,
beim Monique d'Sophie (nee, net dat selwecht !)
an de Michel.
An dem bësschen Zäit, déi eis da nach bleiwt, si mer den Ament amgaang, un eisem Stammbam ze schaffen.
Wann een séch am klenge Lëtzebuerg mat Genealogie beschäftegt, stéisst ee gewéinlech zimmlech séier op verschidde Schwiregketen. E puer Aspekter heivu fann Der an der Rubrik Genealogie.





Haaptsäit