D'Mounddäischterten zu Lëtzebeurg
an de Joren 2018/2019
|
|
Dëst ass e Bild vun enger partieller Mounddäischtert.
Et staamt vun der Eklips-Säit vun der Zäitschrëft bild der wissenschaft
Zanter déi Website allerdéngs ëmgebaut gouf, stinn d'Finsternis-Säite leider net méi zur Verfügung.
|
No enger partieller Sonnendäischtert am Mäerz 2015 an enger totaler Moundäischtert am September vum selwechte Joer war et roueg hei am Land mat sou spektakulären Evenementer.
Dëst Joer gëtt et neess eng total Mounddäischtert, an zwar de 27. Juli owes, vun där mir hei a Mëtteleuropa allerdéngs den Ufank verpassen. D'Phase vun der Totalitéit kënne mer awer mattkréien, och wann de Mound dann eréischt kuerz virdrun opgaangen ass a just iwwert dem Horizont steet. Am beschten also iergenwou héich opklammen, wou een den Horizont am Oste gudd gesäit !
En halleft Joer mi spéit, den 21. Januar 2019 ass dann di next total Mounddäischtert. Déi ass am fréie Muergen, an déi kënne mer och an der ganzer Längt kucken. Virausgesat, d'Wieder spillt matt ...
Duerno kommen 2 partiell Mounddäischterten, de 16. Juli 2019 an de 19. November 2021, ier dann di next total Mounddäischtert de 16. Mee 2022 ass, bei där de Mound awer bei eis während der Totalitéit schon ënnergeet, sou dass mer déi Kéier de Schluss verpassen ...
Di genee Donnéen iwwert déi next Mound-Däischterte fann Der an dëser Tabell.
All Zäite si lëtzebuerger Lokalzäit !
D'Zäite fir aner Géigenden kënnt Der Iech mat Hëllef vu geografesche Koordonnée vum Computer vum U.S. Naval Observatory berechne loossen.
|
Esou schéi kann eng total Mounddäischtert ausgesinn.
Dëst Bild ass vum 16.Juli 2000 a gouf a Japan opgeholl.
|
All méiglech Informatiounen iwwert Däischterte gët et beim Fred Espenak, dem "Finsternis-Guru" vun der NASA.
Sidd Der un Astronomie intresséiert ? Surft emol beim Site vun de Lëtzebuerger Amateur Astronomen laanscht !