De franséische republikanesche Kalenner



De republikanesche Kalenner gouf während der franséischer Revolution de 24. November 1793 vum Konsul Bonaparte agefouert.
En huet mam 22. September 1792 ugefaangen.
No e bësse méi wéi 13 Joer gouf e vum selwechte Bonaparte, deen dun de Keeser Napoleon I gi war, erëm ofgeschaf. Am Artikel 4 vum keserléchen Dekret vum 24. Fructidor An XIII gouf bestëmmt, dass vum Dag nom 10. Nivôse An XIV neess de gregorianische Kalenner, ugefaange mam 1.Januar 1806, sollt a Kraaft trieden.
D'Joer am republikanesche Kalenner huet ëmmer um Dag vum Hierschtufank (Equinox; 22. oder 23. September) ugefaangen. Et war an 12 Méint opgedeelt :

Hierscht : Wanter : Fréijoer : Summer :
1 : Vendémiaire 4 : Nivôse 7 : Germinal 10 : Messidor
2 : Brumaire 5 : Pluviôse 8 : Floréal 11 : Thermidor
3 : Frimaire 6 : Ventôse 9 : Prairial 12 : Fructidor


All Mount war an 3 Dekaden mat je 10 Deeg agedeelt. D'Nimm vun denen Deeg waren :
Primidi, Duodi, Tridi, Quartidi, Quintidi,
Sextidi, Septidi, Octodi, Nonidi, Decadi.

Um Enn Joer goufe 5 Ergänzungsdeeg ugehaang, déi zu kengem Mount gehéiert hun, fir op d'Equinox ze waarden.
Dës Ergänzungsdeeg waren virgesin, fir d'Revolutiounsfeierdeeg ze zelebréieren. Véier Joer zu 365 Deeg woren eng Franciade, déi duerch en zousätzléche 6. Ergänzungsdag, dem Jour de la Révolution, ofgeschloss gouf. Dëse 6. Zousaatzdag gouf et um Enn vun de Joren III, VII und XI .

Well ët zimmléch lästeg ass, fir d'Deeg aus dem republikanesche Kalenner un Hand vun Tabellen an de gregorianesche Kalenner ëmzerechnen, hun ech en Datum-Konverter geschriwwen. Fir de Konverter ze benotzen, muss Der JavaScript an ärem Browser aktivéiert hun.