D'Méint am franséische republikanesche Kalenner



D'republikanescht Joer huet am Hierscht ugefaang. Et hat 12 Méint, 3 fir all Joreszäit.
D'Nimm vun de Méint stame vun typeschen Naturereegnësser oder mënschléchen Aktivitéiten, déi mam jeweilege Mount zesummenhoungen. Di 3 Méint vun enger Joreszäit haten dobäi di selwecht Endung.


Den Hierscht : (Endung : aire)

   

Vendémiaire

   éischte Mount vum Joer; Ufank : Hierscht-Equinox (22. oder 23. September).
   Latäin "vindemia", frans. "vendange" : Drauwelies.
   

Brumaire

   2. Mount vum Joer; Ufank : 22., 23. oder 24. Oktober.
   frans. "brume" : Niwwel.
   

Frimaire

   3. Mount vum Joer; Ufank : 21., 22. oder 23. November.
   frans. "frimas" : Räif.






Zréck
bei "Kalenner"
















Top

De Wanter : (Endung : ôse)

   

Nivôse

   4. Mount vum Joer; Ufank : 21., 22. oder 23 Dezember.
   Latäin "nivosus" : verschneit.
   

Pluviôse

   5. Mount vum Joer; Ufank : 20., 21. oder 22. Januar.
   Latäin "pluviosus" : verreent.
   

Ventôse

   6. Mount vum Joer; Ufank : 19., 20. oder 21. Februar.
   Latäin "ventosus" : lëfteg, stiermesch.






Top

D' Fréijoer : (Endung : al)

   

Germinal

   7. Mount vum Joer; Ufank : 21. oder 22. März.
   Latäin "germen, germinis" : Käim.
   

Floréal

   8. Mount vum Joer; Ufank : 20. oder 21. Abrël.
   Latäin "Flora", d'Göttin vun de Blummen.
   

Prairial

   9. Mount vum Joer; Ufank : 20. oder 21. Mee.
   Frans. "prairie" : Wiss.






Top

De Summer : (Endung : dor)

   

Messidor

   10. Mount vum Joer; Ufank : 19. oder 20. Juni.
   Latäin "messis" : Karschnatz,   a griech. "dôron" : Gow, Don.
   

Thermidor

   11. Mount vum Joer; Ufank : 19. oder 20. Juli.
   Griech. "thermos" : waarm,   a "dôron" : Gow, Don.
   

Fructidor

   12. a leschte Mount vum Joer; Ufank : 18. oder 19. August.
   Latäin "fructus" : Fruucht, Uebst   a griech. "dôron" : Gow, Don.

   Nom Enn vum Fructidor goufe 5 oder 6 zousätzlech Deeg ugehaang, fir d'Hierschtequinox ofzewaarden.
Top