Problemer bei der Genealogie
Wann een séch zu Lëtzebuerg mat Genealogie beschäftegt, stéisst een op eng Parti Besonnerheten :
- Di kleng Grofschaft Lëtzebuerg, déi de Siegfrid am Joer 963 gegrënnt hat, an déi 1354 den Titel vun engem Herzogtum, spéider 1815 vun engem Groussherzogtum krut, ass am Laf vun de Jorhonnerten ëmmer méi grouss gin, bis se 1659 niewt dem aktuelle Gebitt och nach grouss Regioune vum haitege Frankräich, Däitschland an der Belsch ëmfaasst huet.
Dofir mussen haut vill Lëtzebuerger - wa se méi iwwer hier Virfahre wësse wëllen - an eis Nopeschlänner siche goën. Dat ass nach laang nët ëmmer evident, well di verschidden administrativ Systemer deelweis staark vuneneen ofwäichen.
- Vum 15. bis an d' 19. Jorhonnert war Lëtzebuerg ënner Friemherrschaft, d.h. et war ofwiesselnd vun Éisträch, Spuenien a Frankräich besat a regéiert.
Et ass kloer, dass dës onroueg Period dat politescht, ekonomescht, kulturellt an administrativt Liëwen hei beaflosst huet. D'Archive sin deemëntspriechend oneenheetlech, wat d'Recherche nët vereinfacht.
- Dee läschte Besätzer aus där Period war Frankräich, vun 1795 - 1814, zur Zäit vun der Revolutioun. Trei zu der 2. Devise vun der franséischer Revolutioun, der "Egalité", hun d'Revolutionnären all al Etat-civil Rejhesteren vernichten gelooss, fir dass kee méi kéint noweisen, dass hien zu enger héierer Klass, haaptsächléch där adleger gehéiere géif.
Dëst ass staark ze bedaueren, well et mécht an de meeschte Fäll eng méi déif Recherche praktesch onméiglech.
- Di selwecht Revolutionnären hun zu allem Iwwerfloss och nach e neie Kalenner agefouert, dee mam gregorianëschen nët méi vill gemeinsam hat. Dat bréngt haut e lästegt Emgerechens un Hand vun Tabelle mat séch.
Fir där Saach opzehëllefen, hun ech fonnt, et wär nëtzléch, en Datums-Konverter ze schreiwen. Ech hoffen, dass deen dem engen oder aneren de genealogësche Kampf géint d'franséisch Revolutioun e bëssche méi einfach mécht.
Zréck
Home